UNICEF Lëtzebuerg: Aktioun Porte-à-Porte

Mir wollten Iech heimat doriwwer informéieren, datt d’UNICEF d‘nächst Woch mat senger ‚Porte à Porte‘ Campagne weiderfiert, dëst selbstverständlech am Respekt vun de Gestes barrières. Hier Leit sinn instruéiert ginn, wéi si sech ze verhalen hunn a folgend Moossname goufen en place gesat:
  • Hier Mataarbechter hunn en Teppech vun 2 m dobäi, dee si bei der Hausdier ausrullen fir ze weisen datt si deen néidegen Ofstand anhalen.
  • Si hunn Masken un an Desinfektiounsmëttel derbäi.
  • Fir datt den Donateur seng Domiciliatioun ka validéieren, huet en bis elo ëmmer misse vun Hand op dem Tablett ënnerschreiwen.
Fir de Kontakt op e Minimum ze reduzéieren, huet den Donateur elo 2 Méiglechkeeten:
  • Entweder kritt en e Verifizéierungsscode per SMS geschéckt, deen en eisem Mataarbechter gëtt vir esou direkt an ouni Kontakt seng Domiciliatioun z‘aktivéieren.
  • Wann den Donateur dëst net wëll oder ka maachen, bleift nach ëmmer d’Méiglechkeet, mat sengem Stëft op der Tablett z‘ënnerschreiwen. An deem Fall gëtt d‘Tablett virdrun desinfizéiert .
Weiderhi sinn och hier allgemeng Informatiounen gülteg, wéi een hier Leit als Mataarbechter vun der UNICEF kann identifizéieren:
  • Si huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen
  • Si kënnen sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder an eng Sécherheetswest mat eisem Numm a Logo un.
  • D’Inscriptioun gëtt, wéi gesot, iwwert eng Tablett gemaach an net op Pabeier.
Logo Unicef Lëtzebuerg
Print Friendly, PDF & Email

Des articles de la même catégorie

Calendrier des déchets octobre-décembre 2020

Calendrier des déchets octobre-décembre 2020

Ici vous trouvez le calendrier des déchets pour la période d'octobre à décembre 2020. Prochainement dans votre boîte à lettres. Hei fannt Dir den Offallkalenner vun Oktober-Dezember 2020. Deemnächst och an ärer Boîte. Hier finden Sie den Abfallkalender für die Monate...

lire plus
RENTREE DES CLASSES 2020/2021

RENTREE DES CLASSES 2020/2021

Note rentrée des classes 14.09.2020 Léif Schüler, Léif Elteren, Muer Dënschdeg, de 15. September 2020 geet dat neit Schouljoer 2020/2021 un. Den éischte Schouldag ass ee reguläre ganze Schouldag. Mir erënneren drun, datt um ganze Site eng Maskepflicht ass. Wéinst den...

lire plus
Tour du Duerf 10.09.2020 – 30.09.2020

Tour du Duerf 10.09.2020 – 30.09.2020

  Wann Dir wëllt Deel huelen un dëser flotter Initiative, da kënnt Dir Iech ënnert dësem Link: https://www.tourduduerf.lu/index.php?&id=171&team_preselect=445183 d'Gemeng Pëtschent als Fuerer ënnerstëtzen. Dëst Team ass fir d'Leit aus der Gemeng reservéiert,...

lire plus