Al Hausnimm an der Pëtschter Gemeng

Den Här Léon Kugener, Schoulmeeschter vun 1936 bis 1976 zu Stolzebuerg, huet am „Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 3. – Mee 1997“ geschriwwen, „datt fréier déi einfach Duerfleit nëmmen ee Virnumm haten. Fir se vuneneen z‘ënnerscheeden, ass de Beruff derbäi gesat ginn. Aus de Virnimm, de Beruffer oder aus den Uertschaften, wou d’Leit hier komm sinn, hu sech no an no d’Familljennimm an d’Hausnimm entwéckelt.“

Fir datt déi al Hausnimm net an de Vergiess kommen, huet den Här Jean Kinn, fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Pëtschent, déi eeler Dammen an Hären aus der Gemeng kontaktéiert an d’Nimm opgeschriwwen. Doniewent hunn dës Dammen an Hären him wäertvoll Informatioune ginn: Albert Schaul, Aloyse Nosbusch, Anni Bastin-Reis, Aloyse Lieners, Antoine Nosbusch, Charel Zanter, Lucien Molitor, Marianne a Gaston Liefgen.

Net all Hausnimm gi vu jidderengem op déiselwescht Manéier gebraucht. Dacks hänkt et vun der Familljen of, wéi déi eenzel Haiser genannt ginn. Heiansdo sinn zwou oder méi Méiglechkeeten am Gebrauch.

Vill Hausnimm sinn nach gewosst, och wann d’Haus net méi do ass oder duerch en neit Haus ersat gouf.

Niewent der Lëscht, déi mir bei de Kaarte gesinn, gi mir bei eenzelen Nimm eng weider Erklärung. – Wéinst dem Dateschutz, gëtt keen Numm vun engem haitege Bewunner genannt. D’Strooss an d’Hausnummer ginn nëmmen ernimmt.

 

BIVELS

Fréier stounge vill Haiser méi no bei der Our. Déi nei Haiser, déi méi héich am Duerf nei gebaut goufen, hunn hiren Hausnumm behal.

Haut steet bei „Hopperten“ eng Garage.

  1. „Beim Matti“ gëtt och „Donckel“ gesot. Dat aalt Haus stoung niewent dem neien Haus Nr 2.
  1. „D’Schull“ stoung fréier méi erop. Haut ass an der Schoul ee „gîte rural“, dee vun der „Bivelser Duerffrënn asbl“ geréiert gëtt.
  1. D’Kierch stoung fréier méi erof.
  1. „A Badd“, ass och „Ënnischt Kueben“ genannt ginn 

Dës Nimm ginn haut net méi gebraucht, well d’Haiser net méi bestinn:

„A Cloossen“, „Tinns“, „A Brëtzen“, „Bärbels Jongen“, „Héntzen“, „Dichtesch“, „Woleffs“. A „Woleffs“ war fréier eng Wiertschaft an eng Keelebunn.

Haut sinn zu Bivels véier Stroossennimm am Gebrauch: „rue du Lac“, „rue du Cimetière“, „Am Gaart“ an „d’Dittegaaass“. – Am Paul-Maria Meier sengem Buch „Bivels“, liese mir aner Nimm, déi am Duerf gebraucht goufen: Ënneschtgaass, Lissensgaass, Cloossegaass, Fluerwee, Ieweschtgaass, Am Bakeseck, Op der Gruecht, Op der Loch.

Bivels_01
Bivels_02

GROOLJEN

Den Här Charel Zanter huet op der Kaart vun 1954 déi deemools bekannten Nimm lokaliséiert a mat engem grousse Buschtaf bei déi Haiser geschriwwen, déi haut net méi do sinn.

Kaart 1954: Um Bur“ besteet net méi. Fréier hunn d’Fraen d’Wäsch hei a grousse Fassele gemaach. Haut steet d’Kläranlag op der Plaz.

Kaart 1954: „Laboule“ besteet net méi.

Kaart 1954: „A Jenn besteet net méi.

Kaart 1954: „Wollefshaus“ besteet net méi.

Kaart 1954: „A Schmëtten“ besteet net méi, Op der anerer Säit vun der Strooss stoung „A Schmëtten“ hir Scheier an hire Stall.

Kaart 1954: d’Molkerei besteet net méi.

Kaart 1954: „Beim Baast“ besteet net méi. Op der anerer Säit vun der Strooss steet „Beim Baast“ hir Scheier an hire Stall op der Kaart mat enger wäisser 6 op schwaarzem Hannergrond gezeechent.

D’Spillplaz hëlt d’Plaz an, wou fréier „A Schmëtten“, „d‘Wollefshaus“ a „Beim Baast“ stoungen. „A Jenn“ stoung um Terrain ënnert der Spillplaz.

  1. „A Cleessen“ ass op der Kaart vun 1954 agezeechent. Haut heescht de Wee „An Cleessen“ an et stinn zwee nei Haiser (2 & 4) op der Plaz, wou dat aalt Haus stoung.

Gralingen_01
Gralingen_02
Gralingen_03

MIERSCHENT

  1. „Beim Schräiner Hanny“ gouf duerch zwee nei Haiser ersat. Dat Haus gouf och nach „Beim Schräiner“, „Beim Hanny“, „Beim Remes“ genannt. „Bei Schneidesch Finn“ ass och gebraucht ginn.
  1. „Beim Huefmann“ war och eng Wiertschaft.
  1. „A Moueres“; et stinn nach e puer Maueren do.
  1. „D’Härenhaus“. 1963 konnt den Här Paschtouer Jos Kox an dat neit Härenhaus eraplënneren, dat uewen un deem alen Härenhaus gebaut gouf. Haut ass dat Haus ëmgebaut ginn an et wunnen dräi Stéit dran.
  1. „An Hanzen“ gëtt an eiser Quell ouni „t“ geschriwwen.
  1. „A Flëps“ oder „A Flëps Liss”.
  2. „A Lacks” war och „A Lacks Jeng”. Hei war bis 1977 eng Epicerie.
  1. „Beim Koster“ war bis 1966 eng Epicerie. „Beim Koster Franz“ war och nach „Beim Schnedder Jeng“. Koster Franz huet bis 1962 an der Kierch d’Uergel gespillt.
  1. De Wäschbuer an e Pëtz, D‘Fraen hunn hei fréier d’Wäsch gemaach. D’Baueren hunn hir Kéi an hir Päerd mam Waasser vum Wäschbuer gedränkt. Haut ass de Wäschbuer restauréiert a gëtt propper gehal.
  1. „D’Schull“. Bis 1998 war d‘Spillschoul an dësem Gebai. Duerno gouf d’Schoul ëmgebaut an ass elo de Veräinssall fir d’Duerfleit.
  1. „Um Bëschel“ besteet net méi. Fréier war dëst Haus mat Stréi gedeckt. Den Numm „A Bëschels“ gouf mat viru geholl, wéi d’Famill Richartz Néckel d‘Haus No 16 an der Wuelësserstrooss kaaft huet an dohinner wunne koum.
  1. „An Déizen“ gouf och nach „Beim Schmadd“ oder „Bei der Hiewan“ genannt. Dat aalt Haus besteet net méi. Dat neit Haus gouf an de Gaart gebaut.
  1. „A Frantzen“ war fréier ee klenge Café mat enger Sandkeelebunn. De Stall an d‘Scheier goufen zu engem Wunnhaus ëmgebaut. Dat aalt Haus gouf ofgerappt. Op déi Plaz goufen zwou Garagen un d‘Haus gebaut.
  1. „D’Krichsbud“ besteet net méi. Si gouf nom Krich opgeriicht, fir deene Leit, der hir Haiser futti oder staark beschiedegt waren, een Ënnerdaach ze ginn. Haut, 2023, sti véier nei Haiser op der Plaz.
  1. „D’Molkerei“. Wéi d’Molkerei net méi a Betrib war, hat d‘Baueregenossenschaft hir Maschinnen am Gebai stoen. Duerno war d’Raiffeisekees hei, wou d’Leit Gemiels kafen a Suen ophiewe konnten. Haut sinn aus deem Gebai dräi Wunnengen entstanen, 6, 6A, 6B.
  1. „An Henz Kätt“ besteet net méi.
  1. „A Bakes“ oder „Bei Woler Misch“.
  1. „An Hëlzen“ oder „De Schouster“.

Merscheid_01
Merscheid_02

NUECHTMANESCHT

  1. „A Klosen“. Beim Busstopp steet „Bei Klossen“. Dësen Numm gëtt net vun de Manneschter Leit gebraucht an ass e Schreiffeeler.
  2. „D’Kapell, d’Schull, d’Molkerei“: Et ass eemoleg am Lëtzebuerger Land, datt déi dräi Gebaier unenee gebaut goufen. D’Schoul an d’Molkerei sinn haut zu zwou Wunnengen ëmgebaut.
  3. „Beim Pax“ ass am Krich zerstéiert ginn an ass net méi opgeriicht ginn. D’Haus stoung op der Veinerstrooss tëschent „Um Poul“ a „Beim Peffer“.

Nuechtmanescht_Hausnimm_01
Nuechtmanescht_Hausnimm_02

PËTSCHENT

  1. A Jusefs“ war Miller-Weiler Misch säin Haus, dat zum Deel op der Plaz stoung, wou haut déi nei Deeler vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique stinn. Miller Misch huet säin Haus op der Veinerstrooss niewent der Gemeng opgeriicht. Dat Haus gëtt haut gemengerhand „Bei Miller Paul“ genannt.

Putscheid

STOLZEBUERG

„Rue Pourplescht“ gëtt zu Stolzebuerg „Op der Knupp“ genannt.

„Rue des Mines“ gëtt zu Stolzebuerg d‘„Pannegaass“ genannt.

  1. Butze Péiter“ guff och „A Peesch” oder „A Peesch Pegtschen“ genannt.
  1. An Uless“: de Kadasternumm „auf dem Gritt“ ass op der Kaart vermierkt.
  1. A Bakes“: hei gouf fréier fir de Schlasshär gebak.
  1. Beim Koster“; Koster Ed huet an der Kierch d’Uergel gespillt. Vun 1955 bis 1976 war hei eng Epicerie.
  1. D’Härenhaus gouf ufanks 50 gebaut.
  1. A Laukes“ gëtt och „Beim Zëss“ gesot.
  1. An der „Neier Schull“ ass haut de Stolzebuerger Veräinssall.
  1. A Läen“ ass d‘Bëschofshaus. De Monseigneur Jacques Mangers gouf „A Läen“ den 18. Mäerz 1889 gebuer. Nodeem hie bei de Maristebridder studéiert hat an den Doktertitel an der Philosophie an an der Theologie hat, gouf hien 1920 zum Priister geweit. Véier Joer laang war hie Philosophieprofesser zu Hulst, Holland, iert hien 1925 op Bergen, Norwegen, geschéckt gouf. 1931 gouf hie Paschtouer vu Stavanger an ee Joer méi spéit, Apostoulesche Vikar vun Oslo. Wéi 1954 Oslo ee Bistum gouf, ass de Jacques Mangers den éischte Bëschof vun Norwegen no der Reformatioun ginn. Am Krich huet hien an der Resistenz géint d’Nazibesatzung matgeschafft. Mat 75 Joer huet hie säi Bëschofsamt sengem norwegeschen Nofollger iwwerginn a koum zréck op Lëtzebuerg. Hien ass de 7. Januar 1972 am Zithaklouschter gestuerwen.

Stolzembourg_01
Stolzembourg_02

WELLER

  1. „Um Weier“ stounge fréier zwee Haiser. Dat Haus, dat elo nach besteet, gouf fréier bei „Weier Misch“ genannt. Derniewent war een Haus, dat „Bei Hecke Jeep“ oder “Hecke Mimmi“ genannt gouf. An de 50er Joeren huet d’Léierin do gewunnt. Haut ass d’Haus net méi do.
  2. „Beim Schouster“ oder „Beim Schouster Jang“. An deem Haus war fréier eng Wiertschaft.
  3. „A Lengers“ guff vum Leonard Clesen gebaut. Hien ass den 12. Oktober 1806 zu Weller gebuer an ass de 4. Juni 1858 zu Weller gestuerwen. Säi Grafsteen steet zu Weller niewent dem Transformator.
  4. „Beim Schmatts Vic“ gouf och „Beim ale Schmadd“ oder „De Schmadd“ oder „Bei Henge Vic“ genannt.
  5. „Beim Heng“ gouf och „A Schmatts“ genannt.
  6. „A Wolesch Jang“ war och ënnert dem Numm „A Wollefs“ bekannt.
  7. „A Schmatts“ ass „Schmatts Georges”, “Schmatts Martin” a “Beim Martin” genannt ginn,
  8. „A Schmatts“ ass och nach „A Schmatts Pir” gesot ginn.
  9. „D’Schull“, 1856 goufen ee Schoulsall, eng Léierinnen- an eng Kaplounswunneng gebaut. Am Joer 1900 gouf ee Veräinsbau östlech vun der Kaplounswunneng ugebaut. Hei hunn d’Pompjeeën hir Feiersprëtz an de Lokalveräin seng landwirtschaftlech Maschinnen ënnerdaach gestallt. Doriwwer war een Theatersall. Am Joer 1910 goufen zwee Zëmmer vun der Kaplounswunneng am Rez-de-chaussee an eng Molkerei ëmgebaut. Dat ganzt Gebai gouf an der Ardennenoffensiv de 26. Dezember 1944 vun amerikanesche Fliger komplett zerstéiert. 1950 war eng nei Schoul ferdeg, déi op der Plaz vum fréiere Veräinsbau opgeriicht gouf. 1963 war eng Déngschtwunneng fir d’Léierpersonal ageriicht. Et gouf Schoul bis 1998 gehal. Duerno gouf d‘Gebai u Privatleit verkaaft.
  10. „Bei Pleins Jos“. De Pleins Jos hat ee Buttek, wou hien och Staufefett verkaaft huet. Haut steet een neit Haus op der Plaz.
  11. „A Flouer“. Wou haut de Gemengebau steet, war fréier eng Wiertschaft mat engem Bauerebetrib. D’Postkutsch huet hei stallgehal an d’Päerd si gewiesselt ginn. D’Postpäerd stoungen an engem Schapp, deen zum Betrib gehéiert huet.

Weiler_Hausnimm

Zesummegestallt vum Jean Kinn, Marcel Scheidweiler a Fernand Barbel, norTIC

Quellen

  • LU, Administration du Cadastre et de la Topographie, 2023
  • Léon Kugener, „Alte Hausnamen von Stolzemburg“ De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 3, Mee 1997; Syndicat d’Initiative Stolzebuerg
  • Léon Kugener, „Putscheid – Pëtschent“, De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 5, Juni 1999; Syndicat d’Initiative Stolzebuerg
  • Ernest Theis, Worauf ein kleines Dorf an der Our stolz sein kann. De Stolzebuerger Pannewippchen, Nr. 11 – Juni 2007, Syndicat d’Initiative Stolzebuerg
  • Paul-Maria Meier, Bivels, Editions Emile Borschette, Christnach ISBN: 2-87982-039-1
  • Adrien Ries, Bivelser Tagebuch, Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg, 1978
  • Mierschent am Laf vun der Zäit e Fotoalbum vum Guy Wagener, Denise Molitor
  • 200 Joer Par Mierschent 1808 – 2008, Schaul Malou, Scheidweiler Marcel, Druckerei Manfred Hoffmann, Neuerburg, 2008
  • Jean Kinn vu Nuechtmanescht
  • Lucien Molitor vu Mierschent
  • Albert Schaul, Aloyse Nosbusch, Anni Bastin-Reis, vu Weller
  • Antoine Nosbusch vu Pëtschent
  • Charel Zanter vu Grooljen
  • Aloyse Lieners vu Stolzebuerg
  • Marianne a Gaston Liefgen vu Bivels
Dernière modification le 16.01.2024
Aller au contenu principal